Select your language

Piloteschäin an Identifikatioun - Neit EU Reglement 2019/947

More
3 years 1 month ago - 3 years 1 month ago #65 by MaxPitch
Ech wëll gären mat engem Helikopter, engem Fliger oder enger Drone fléien. Wat brauch ech?

> Näischt, wann ech ee Fluggerät ënner 250g hunn wat manner séier wéi 90km/h flitt a wat keng Kamera huet oder als Spillsaach fir Kanner ënner 14 Joer vum Produzent markéiert ass.

> Zwee Schäiner wann ech ee Fluggerät mat Kamera oder tëschent 250g an 25kg hunn:
  1. Eng Attestation en tant qu’Exploitant
  2. Een Certificat de Pilote à Distance
Béid Dokumenter sinn an der ganzer EU plus Schwäiz, Liechtenstein, Island an Norwegen gülteg.

1. Attestation en tant qu’Exploitant (LUXxxxxxxxxxxxxx)

Dat ass een Zertifikat deen d'Identifikatioun vum Bedreiwer mat enger LUXxxxxxxxxxxxxx Nummer erlaabt (13 Zeechen). Déi Nummer muss op all Heli, Fliger an Drone opgepecht oder geschriwwe ginn.
All Lëtzebuerger Bierger, Firma an Administratioun deenen hir Residenz / Sëtz am Grand-Duché vu Lëtzebuerg ass kënnen dësen Zertifikat am einfachsten iwwert den Guichet.lu ufroen. An enger Minutt huet een seng Nummer.
Dës Attestatioun ass 1 Joer gülteg a kann einfach iwwer de Guichet.lu verlängert ginn.

De Link dir d’Ufro fënnt een bei der Direction de l’Aviation Civile (DAC): dac.gouvernement.lu/fr/drones/where-when-register.html

WICHTEG: Et muss een bei der Umeldung seng Assurance (Responsabilité Civile) uginn déi explizit drop hiweist dass och Fluggeräter ofgedeckt sinn. Bei mir hunn ech z.B. den Zousatz “Clause spéciale: Le présent contrat couvre également la responsabilité civile de l'assuré comme détenteur de modèles réduits d'aéronefs” dropstoen. Dat gëllt bis 25kg. Frot am beschten ären Agent. 



2. Certificat de Pilote à Distance (LUX-RP-xxxxxxxxxxxx)

Fir selwer ze fléien muss een zousätzlech och nach een Piloteschäin fir op mannst d’Kategorie OPEN A1 an A3 hunn, deen een iwwert d’Plattform TrainingZone vun Eurocontrol kritt.
Fir esou ee Schäin mat enger LUX-RP-xxxxxxxxxxxx Nummer ze kréien muss een en gratis Online Cours mat engem Online Examen maachen a packen. Et dauert ongeféier 90 Minutten an et brauch een net alles an engem Duerchgang ze maachen. Den Examen kann een esou oft probéieren bis een e gepackt huet.

De Link fir d’Umeldung fënnt een bei der DAC: dac.gouvernement.lu/fr/drones/train-where-how.html

Den Examen kann vu Lëtzebuerger an Auslänner gemaach ginn.



Wat ass déi Kategorie OPEN a wat ass erlaabt?






Um Geoportal vu Lëtzebuerg kann ee kucken wou een fléien däerf.

 

This browser does not support PDFs. Please download the PDF to view it: Download PDF

Last edit: 3 years 1 month ago by MaxPitch.
The following user(s) said Thank You: Germain

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
3 years 1 week ago #66 by Bernar Jerry
Salut,

Elo wollt mäin Jong vun 13 och léieren Heli fléien, geet daat awer ennert menger Responcabilitéit?

Merci am Viraus,

MbG

Jerry

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
3 years 1 week ago #67 by MaxPitch
Moien Jerry,

Jo, dat geet ënner gewëssen Konditiounen.

D' Attestation en tant qu'Exploitant muss op dech lafen wëll däi Jong automatesch duerch deng RC mat verséchert ass.

Idem fir den Piloteschäin. Dee kann eréischt ab 16 Joer gemaach ginn. Dee muss du dann maachen fir dengem Jong beim fléien ze assistéieren. Wann hien 16 Joer huet brauchs du dann net méi dobäi ze sinn.

MbG
Marc

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
3 years 1 week ago #68 by Bernar Jerry
Ok, Merci fir d‘Info...

ech sinn mol amgang mam Schäin, sinn firun Johren schonn emol geflunn an wollt nees ufänken...

Fannen et Schuet dass den Einstieg an den Hobby elo méi komplizéiert ginn ass, dat schreckt bestemmt vill Leit oof fir unzefänken.

schéinen Owend,

Jerry

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
3 years 6 days ago #70 by MaxPitch
Hei ass nawell kee schlechte Film deen d'Klassen an d'Kategorien erklärt:

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.448 seconds
Powered by Kunena Forum